Tony Blackplait

Vu Wikipedia
Tony Blackplait
Gebuertsnumm Tõnu Trubetsky
Gebuer 24. Abrëll 1963
Tallinn
Nationalitéit Estland
Aktivitéit Schauspiller, Filmproduzent, Dichter, Filmregisseur, Sänger, Journalist, Komponist, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Politiker

Den Tony Blackplait (eigentlech: Tõnu Trubetsky), gebuer de 24. Abrëll 1963 zu Tallinn an Estland, ass de Bouf vum Fürst Jan Trubetsky an en estesche Punk-Rock-Sänger.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat nëmme 14 Joer huet de Blackplait 1977 zesumme mat engem Kolleeg, dem Punk-Rock-Gittarist Anti Pathique, seng Musekscarrière ugefaangen. Hien ass/war Member vun de Museksgruppe Vennaskond, Felis Ultramarinus, The Un Concern, Black September a The Flowers Of Romance.

1993 huet de finnesche Filmregisseur Pekka Karjalainen de Blackplait gefrot op en net wéilt bäi sengem Film Hysteria matmaachen. Dee war direkt domat d'accord an huet d'Lidd Riga My Love am Film gesongen, säin éischte remarkabelen Erfolleg. Richteg bekannt ginn ass de Blackplait awer wéi en 1999 mat Vennaskond den estlänneschen Nummer 1 Hit Insener Garini Hüperboloid hat.

Den Tony Blackplait war bestuet mat der Anu Klyszejko, mat där en dräi Kanner huet: d'Reginleif (* 20. September 1989), den Tõnu (* 30. Dezember 1990) an d'Madeleine Angelique (* 30. Juni 1993). Duerno huet de Blackplait sech nach zweemol bestuet, an zwar mat der Maret Pärnamets a mat der Margit Roosileht.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Vennaskond[änneren | Quelltext änneren]

  • Riga My Love/Girl In Black (1991, 7")
  • Rockpiraadid (1992, MC, Theka)
  • Mina Ja George (1996, MC, CD, Vennaskond/Harley Davidson)
  • Insener Garini Hüperboloid (1999, MC)
  • Priima (1999, 2MC, 2CD, HyperElwood)
  • Warszawianka (1999, MC, CD, HyperElwood)
  • Pirita Live (1999, CD, Fucking Cunt Records)
  • News From Nowhere (2001, MC, CD, DayDream)
  • Subway (2003, CD)

The Flowers Of Romance[änneren | Quelltext änneren]

  • Sue Catwoman (2004, CDEP, MFM Records)
  • Sue Catwoman (2004, CD, The Flowers Of Romance)

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • Vennaskond. Millennium (1998, VHS, 90 min., Faama Film/Trubetsky Pictures)
  • Vennaskond. Ma armastan Ameerikat (2001, VHS, 140 min., DayDream Productions/Trubetsky Pictures)
  • Vennaskond. Sügis Ida-Euroopas (2004, 2DVD, 185 min., DayDream/Trubetsky Pictures)

Als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

  • Serenade (Regie: Rao Heidmets, 1987)
  • The Sweet Planet (Regie: Aarne Ahi, 1987)
  • War (Regie: Hardi Volmer & Riho Unt, 1987)
  • Hysteria (Regie: Pekka Karjalainen, 1993)
  • Moguchi (Musek vu Vennaskond, Regie: Toomas Griin & Jaak Eelmets, 2004)

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Pogo (1989)
  • Angels And Heroes (mam Anti Pathique, 1992)
  • Anarchy (1994)
  • Lady In Blue (mam Anti Pathique, 1994)
  • Me And George (1996)
  • Trubetsky (2000)
  • Angels And Heroes (mam Anti Pathique an dem Juhan Habicht, 2002)
  • The Anarchists (2003)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]