Tony Marshall

Vu Wikipedia
Tony Marshall
Gebuertsnumm Herbert Anton Bloeth
Gebuer 3. Februar 1938
Baden-Baden
Gestuerwen 16. Februar 2023
Baden-Baden
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Operesänger
Partei CDU

Den Tony Marshall, gebuer den 3. Februar 1938 als Herbert Anton Bloeth zu Baden-Baden, dono mam biergerlechen Numm Herbert Anton Hilger, an och do de 16. Februar 2023 gestuerwen, war en däitsche Schlagersänger an Tëleesmoderator.

Hien hat eng Formatioun als Operesänger, ma gouf virun allem 1971 duerch säin Hit Schöne Maid bekannt. An de Joerzéngten dono huet hie ronn 20 Millioune Placken resp. CDe verkaaft, dat mat Stëmmungs- oder Fueslidder wéi Komm gib mir deine Hand (1971), Ich fang' für euch den Sonnenschein (1972), Bora Bora (1978) oder Auf der Straße nach Süden (1978).

Hien huet an aacht Sprooche gesongen an huet nieft dem Piano nach weider véier Instrumenter gespillt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tony Marshall – Biller, Videoen oder Audiodateien