Topographie
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Topographie ass d'Beschreiwung vu Plazen, Uertschaften, oder Länner, mat allen Eenzelheeten, wéi se um Terrain ze fanne sinn, sief dat Elementer déi vun Natur aus do sinn, oder vum Mënsch geschaf goufen.
Den Zweck vun den topographeschen Opnamen, ass e méiglechst genee Kaartebild kënnen duerzestellen.
An de meeschte Länner gouf d'Topographie haaptsächlech vun den Arméie gemaach. Dofir haten d'État-majoren eng speziell topographesch Divisioun déi Kaarten am Moossstaf 1:20.000 oder 1:25.000 gezeechent huet.
Dofir ginn sou Kaarten och hat nach dacks État-majorskaarte genannt.
Hautdesdaags bekëmmere sech a ville Länner zivil Verwaltungen dorëms wéi zu Lëtzebuerg de Kadaster, an an anere Länner déi respektiv national geographesch Instituter.
Eng vun de bekannte Kaarten op deenen d'Lëtzebuerger Land drop agezeechent ass, an deelweis schrëftlech dokumentéiert ass, ass d'Ferrariskaart.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Topographie – Biller, Videoen oder Audiodateien |