Torfmouer vu Chavannus

Vu Wikipedia
Torfmouer vu Chavannus
Tourbière de Chavannus
Land Frankräich
Plaz Chavannus
(L'Alpe d'Huez)
Fläch 1,83 ha
Koordinaten 45° 06’ 34’’ N
      06° 05’ 02’’ O
Geschützt zanter 8. Oktober 2012[1]


D'Torfmouer vu Chavannus (fr:Tourbière de Chavannus / Tourbière de la source de Chavannus) ass e klengt Naturschutzgebitt um Territoire vun der Gemeng Huez an de franséischen Alpen vun der Regioun Oisans um Bord vum Biergmassiv Grandes Rousses. E gehéiert zu enger Zon vun 13 Naturschutzgebidder am noen Ëmkrees vum District naturel des Grandes Rousses a vum Parc national des Ecrins.

De Mouer läit um Territoire vun der Gemeng Huez nërdlech vun Alpe d'Huez nieft der Statioun vum Schilift fir op d'Grandes Rousses ze kommen, op enger Héicht vun 2050 m. Ee läit an enger klenger Dällt mat Fielse ronderëm, laanscht de GR 549 deen do goudronéiert ass a Route des Lacs heescht.

De Mouer ass eng sougenannt tourbière soligène an e kritt säi Waasser vun enger klenger Baach am Norden a vum Sickerwaasser vum Westhank vun de Grandes Rousses. Den ieweschten Deel besteet aus engem Mouer mat Torfmoose mat Waasserlächer dran an den ënneschten ass eng Fiichtzon déi zäitweis ënner Waasser ass, an déi vum Iwwerlaf vum ieweschte gefiddert gëtt. D'Héicht vum Torf geet rar iwwer 30 cm eraus.

Vun den ëm déi 60 Déieren- a Planzenaarten déi an deem klenge Gebitt vertruede sinn, kann de Biergmolch ernimmt ginn, deen ee bis an den Ausgust eran do observéiere kann, souwéi de Klenge Waasserschlauch (Utricularia minor) eng karnivor Planz déi éischter rar a sou Géigenden ass.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté préfectoral de protection de biotope / Site de la Tourbière de Chavannus