Torquay United FC

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vun Torquay United FC
Wope vun Torquay United FC

Torquay United FC (Spëtznumm The Gulls) ass en englesche Foussballveräin an der Stad Torquay am Devon. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Football Conference, der fënnefthéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Plainmoor Stadion.

De Veräi gouf 1899 gegrënnt an huet vun 1927 bis 2007 permanent an deene professionellen englesche Lige gespillt. Allerdéngs si se ni iwwer déi drëtthéchste Spillklass erauskomm, wou se um Enn vun der Saison 1956/57 op der 2. Plaz waren. Hir bescht Leeschtung am FA Cup koum 1965, wou se déi 4. Ronn erreecht hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]