Tracy Chapman

Vu Wikipedia
Tracy Chapman
Gebuer 30. Mäerz 1964
Cleveland
Nationalitéit USA
Aktivitéit Liddermécher, Sänger, Stroossekënschtler, Komponist, Gittarist, Discographesche Kënschtler

D'Tracy Chapman, gebuer den 30. Mäerz 1964 zu Cleveland, Ohio, ass eng US-amerikanesch Sängerin a Songwriterin.

Si gouf bekannt duerch hiren Optrëtt beim Nelson Mandela 70th Birthday Tribute Concert den 11. Juni 1988 am Wembley-Stadion zu London, wou si fir de Stevie Wonder agespronge war, dee wéinst enger technescher Pann net sange konnt, an dobäi solo mat hirer akustescher Gittar e puer Lidder vun hirem Debut-Album gespillt huet. Am selwechte Joer ass si mam Peter Gabriel, Bruce Springsteen, Sting a Youssou N’Dour fir Amnesty International op Tournee gaangen.

Hir Texter sinn dacks sozialkritesch, de Stil ass Folk Rock.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Alben[änneren | Quelltext änneren]

  • Tracy Chapman 1988
  • Crossroads 1990
  • Matters of the Heart 1992
  • New Beginning 1995
  • Telling Stories 2000
  • Collection 2001
  • Let It Rain 2002
  • Where You Live 2005
  • Our Bright Future 2008

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tracy Chapman – Biller, Videoen oder Audiodateien