Transit (Astronomie)
En Transit oderDuerchgank an och Passage genannt, ass eng astronomesch Konstellatioun:
- Allgemeng d'Zesummentreffen vun zwéi Himmelskierper, z. B. d'Perihelzäit – den Zäitpunkt tëscht zwéi Perihel-Passagen, oder den Duerchgank vum Äerdmound duerch d'Meridianebene.
Speziell als Transit bezeechent ginn follgend Duerchgänk:
- De Meridianduerchgank: Een Objet kräizt de Meridian (d'Südrichtung vum Observatiounspunkt. Bei konstanter Deklinatioun erreecht et dann déi gréisst Héicht iwwer dem Horizont, am annere Fall net. Kuckt dozou den Artikel: Kulminatioun.
- Den Transit vun zwéin Himmelskierper oder déi deelweis Bedeckung, déi an desem Artikel speziell behandelt gëtt.
Transit vun zwéin Himmelskierper
[änneren | Quelltext änneren]Ee klengen Himmelskierper zitt virun engem méi grousse laanscht a bedeckt en dobäi deelweis.
- „Kleng“ a „méi grouss“ bezéie sech dobäi op déi visuell Gréisst. Bei enger totaler Bedeckung, schwätzt ee vun enger Okkultatioun.
Den Transit ass e spezielle Fall vun der Konjunktioun.
Dobäi si follgend Konstellatioune méiglech:
- Bei engem Planéitenduerchgank zitt ee vun de bannenzege Planéiten (Merkur oder Venus) virun der Sonn laanscht.
- Ee Mound vun engem Planéit zitt virun dësem Planéit laanscht
- En Asteroid oder Koméit zitt virun der Sonn laanscht (kuckt: Asteroidenduerchgank)
- E kënschtleche Satellit (z. B. d'ISS) zitt virun der Sonn oder dem Mound laanscht
- En Duebelstären-Duerchgank an den Duerchgank vun engem Exoplanéit viru sengem Zentralstär
- Umierkung: Eng Sonnendäischtert gëtt net als Transit, mä als spezielle Fall vun der Okkultatioun bezeechent.
Den Zäitpunkt an d'Dauer vun engem Duerchgank sinn ofhängeg vun der Observatiounspositioun.
Duerchgäng vu kënschtlechen Äerdsatelliten
[änneren | Quelltext änneren]Och kënschtlech Äerdsatelliten kënnen an d'Siichtlinn tëscht engem Observateur op der Äerd an der Sonn oder dem Mound geroden. Allerdéngs si sou Situatioune schwéier z'observéieren, well d'Siichtsträif nëmmen e puer Kilometer breet ass. Zudeem wandert de Satellit meeschtens nëmmen 0,5–2 Sekonne virun der Sonn laanscht.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Marco Peuschel: Konjunktionen, Bedeckungen und Transits – Das kleine Almanach der Planeten. 1. Auflage. Engelsdorfer Verlag, Leipzig 2006, ISBN 3-939144-66-5 (kuck och um Spaweck)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (de) Marco Peuschel: Astronomische Ereignisse aller Art