Tscherskibierger

Vu Wikipedia

D'Tscherskibierger (Hrebet čerskogo - Cerski-Bierger) fënnt een am Nordoste vu Russland (Asien). Se si bis zu 3.147 m héich.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Dës héich Bierger leien nërdlech a südlech vum Polarkrees an an der Mëtt vun Ostsibirien, haaptsächlech am Zentrum vu Jakutien. Si sinn ongeféier 700 km wäit ewech vum Floss-Ënnerlaf vun der Lena, deen duerch déi Mëtteljakutesch Dällt leeft, a vun der Stad Jakutsk.

Si grenzen als Deel vum Ostsibiresche Biergland am Norden un d'Laptewmier, am Nordosten un d'Ostsibirescht Déifland an am Osten un d'Momabierger. Am Südoste fale se no an no zum Ochotskesche Mier of. D'Ausleefer vun den Tscherskibierger, zu deenen d'Balogochan-Kette mat dem 2.586 m héijen Peak Oforigen gehéiert, reeche bis knapps viru Magadan, déi wäit a breet eenzeg Groussstad un der russescher Pazifikküst (Ochotskescht Mier). Vun do aus sinn et "nëmmen" nach ongeféier 450 km (Loftlinn) bis zur Hallefinsel Kamtschatka. Am Weste ginn d'Bierger iwwer d'Jana-Dall an iwwer d'Héichland vun Oimjakon an d'Werchojansker Bierger iwwer.

Extensioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi knapps 1.000 km laang Tscherskibierger verlafe bal parallel zu de Werchojansker Bierger, déi ongeféier 500 bis 600 km weider ëstlech leien; wann een déi uewe genannte südëstlech Ausleefer, déi bis un d'Ochotskesch Mier erureechen, nach dobäi zielt, da si se souguer iwwer 1.200 km laang.

Bierger a Flëss[änneren | Quelltext änneren]

Déi héchst Bierger erreechen an der Gora Pobeda (ongeféier 180 km nordëstlech vun der Stad Ust-Nera) eng Héicht vun 3.147 m. Si gi vun der Indigirka duerchfloss. Si trennen d'Anzuchsgebidder vun der Lena an der Kolyma, déi allebéid an d'Nordpolarmier lafen.

Gold[änneren | Quelltext änneren]

An den Tscherskibierger (méi genee: un den zwee Ufere vun der Kolyma) gouf (a gëtt) no Gold gegruewen - souwuel "iwwer Dag" wéi och "ënner Dag"; weider Infoen heizou fënnt een ënner Goldrausch op der Kolyma.