Op den Inhalt sprangen

Tsunami

Vu Wikipedia
En Tsunami 2004 an Thailand

En Tsunami, op Japanesch 津波 „Hafewell“, aus 津 tsu „Hafen“ an 波 nami „Well“, ass eng Serie vu Welle mat extreem grousse Volumen, déi sech extreem séier fortbeweegen.

Wéi Tsunamien entstinn

[änneren | Quelltext änneren]

Äerdbiewen, Vulkanausbréch an aner Ënnerwaaserexplosiounen, Äerdrutscher an Asteroidenaschléi kënnen een Tsunami ausléisen. Tsunamien entstinn zu 79 % am Pazifik.

Um oppene Mier mierkt ee bal näischt vun den Tsunamien, mä a Küstegéigende kënne se katastrophale Schued uriichten a ganz Küsten zerstéieren.

De Begreff "Tsunami" kënnt aus dem Japaneschen a gouf vun de Fëscher gebraucht, déi vum Fëschfang nees heem koumen an am Hafen alles verwüst virfonnt hunn, obwuel si um Mier näischt an Uecht geholl haten. Dat läit dorun, datt Japan eng "Tiefseesteilküst" huet, wouduerch sech Risewellen eréischt kuerz virun der Küst bilden, a sou iwwer d'Hafemauer schloen, wou se d'Schëffer versenkt hunn.

Nëmmen 1 % vun den Äerdbiewe vun 1860 bis 1948 hu miessbar Tsunamien ausgeléist, mä well sech déi liicht Äerderschütterungen iwwer d'Waasser ausbreede kënnen, maache se méi e grousse Schued wéi bei gläichstaarke Biewen u Land.

Tsunamien ënnerscheede sech fundamental vu Wellen, déi duerch Stierm entstinn, well bei deene kann d'Waasser zwar bis zu 30 Meter héich opgeworf ginn, mä déi méi déif Waasserschichte bleiwen dobäi onbeweegt. Bei engem Tsunami dogéint beweegt sech de ganze Waasservolume, also déi ganz Waassersail vum Mieresgrond bis un d'Uerwerfläch.

D'Vitess vun engem Tsunami hänkt ëmmer vun der Déift vum Mier of: wat d'Mier méi déif ass, wat den Tsunami méi séier, wat et méi flaach ass, wat e méi lues ass. D'Ausbreedungsvitess ass an Ozeanen (bei enger Waasserdéift vun zirka 5000 m) ëm déi 800 km/h. Dat ass sou séier wéi e Fliger. Tsunamie kënne bannent e puer Stonne duerch ganz Ozeane goen a sech bis zu 20.000 km ausbreeden ouni iergendwéi bemierkt ze ginn. Am Verglach dozou läit bei deene vum Wand erschaafte Wellen d'Vitess bei 8 bis 100 km/h. Bei niddreger Waasserdéift, also an der Géigend vun den Küsten, gëtt den Tsunami méi lues. Doduerch hëlt och seng Wellelängt of, wat mat sech bréngt, datt d'Wellenhéicht zouhëlt, an d'Well schliisslech brécht.

Gefor a Sécherheet

[änneren | Quelltext änneren]

Tsunamie gehéieren zu de geféierlechsten Naturkatastrophe mat deenen d'Mënsche konfrontéiert kënne ginn, well e staarken Tsunami seng destruktiv Energie iwwer Dausende vu Kilometer mat sech féiere kann, souguer alt iwwer de ganzen Äerdball. Wann et keng Fielse laanscht d'Küst ginn, déi schützen, kënne schonn dräi Meter héich Wellen e puer honnert Meter déif an d'Land eragoen. De Schued gëtt nach méi grouss wann d'Waasser erëm offléisst.

Commons: Tsunami – Biller, Videoen oder Audiodateien