Two and a Half Men

Vu Wikipedia
Two and a Half Men
Serie
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 2003–2015
Dauer ca. 22 Minutten
Originalsprooch Englesch
Staffelen 12
Episoden 262
Ekipp
Iddi Chuck Lorre
Lee Aronsohn
Dréibuch Chuck Lorre
Lee Aronsohn
Musek Chuck Lorre
“Manly Men“
Produktiouns-
gesellschaft
Chuck Lorre Productions
The Tannenbaum Company
Warner Bros. Television
Distributioun Warner Bros. Television
Schauspiller
Charlie Sheen als Charlie Harper
Jon Cryer als Alan Harper
Angus T. Jones als Jake Harper
Marin Hinkle als Judith Harper/Melnick
Melanie Lynskey als Rose
Holland Taylor als Evelyn Harper
Conchata Ferrell als Berta
Jennifer Tailor als Chelsea Melini
April Bowly als Kandi
Courtney Thorne-Smith als Lyndsey McElroy
Ab Staffel 9:
Ashton Kutcher als Walden Schmidt
Ab Staffel 11:
Amber Tamblyn als Jenny Harper
Ab Staffel 12:
Edan Alexander als Louis


Two and a Half Men ass eng amerikanesch Sitcom, déi vum 22. September 2003 bis de 19. Februar 2015 um amerikanesche Sender CBS gelaf ass.

Ëm wat geet et?

Staffel 1-8

D'Serie handelt vum Jingle-Komponist Charlie Harper, deen als Single an engem Strandhaus zu Malibu lieft. Hien huet meeschtens nëmme kuerz Bezéiunge mat Fraen. Säi Liewe verännert sech awer, wéi säi Brudder Alan bei hie plënnert, nodeems deem seng Fra Judith sech vun him getrennt huet. All Weekend këmmert den Alan sech ëm säi Bouf Jake. Den Charlie huet vun elo un ëmmer zwéin ongewollt Gäscht a sengem Haus. Hie probéiert, säi Liewen als Single iergendwéi oprecht z'erhalen. Den Alan ass net frou iwwer de Liewensstil vu sengem Brudder, muss sech awer domat zefridde ginn, well hie bei him wunnen däerf. D'Evelyn, dem Charles an dem Alan hir Mamm, mécht deenen dräi d'Liewen net ëmmer einfach. D'Berta, dem Charlie seng Haushälterin ass mat deem Méi un Aarbecht duerch d'Presenz vum Alan a vum Jake net glécklech. D'Rose, mat deem den Charlie e One-Night-Stand hat, verfollegt a beaflosst dem Charlie säi Liewen aus dem Hannergrond.

Staffel 9

Nodeems den Charlie zu Paräis ënner mysteriéisen Ëmstann gestuerwen ass, hëlleft den Alan dem Internet-Millardär Walden Schmidt, dee sech am Mier erdrénke wollt. No engem kuerze Gespréich, decidéiert de Walden, d'Strandhaus ze kafen. Als éischt plënnert d'Berta an d'Strandhaus, well de Walden decidéiert huet, si als Haushälterin ze behalen. Den Alan plënnert kuerz bei seng Mamm, iwwerriet awer de Walden bei hien ze plënneren. Kuerz Zäit drop geet d'Berta erëm, an den Alan kann a säin aalt Zëmmer zeréck. Wéi dem Charlie seng Exfrëndin Courtney zeréckkënnt, a probéiert, de Walden ëm vill Suen ze bedréien, schützt den Alan de Walden virun dësem Feeler. Doropshi freet de Walden den Alan, fir net fort ze plënneren, well hien ee braucht, deem e ka vertrauen. Dem Walden seng Exfra Bridget wëll sech vun him scheede loossen, obwuel de Walden d'Bridget ëmmer nach gär huet. Am Laf vun der Staffel léiert de Walden d'Zoey kennen, a si plënnert bei de Walden eran. An der leschter Episod verléisst den Jake säin Doheem a geet an d'Arméi.

Staffel 10

Bei engem romanteschen Owesiessen an der éischter Episod proposéiert de Walden dem Zoey, fir sech ze mat him ze bestueden, wat hatt awer rufuséiert. Kuerz Zäit drop fänkt de Walden eng Bezéiung mam Rose un, déi hien awer nees ofbrécht, nodeems hatt bei him eraplënnere wëll. Den Jake, dee weiterhi bei der Arméi ass, léiert d'Missi kennen, dat fir ee Weekend am Haus vum Walden wunnt. Den Jake an d'Missi hunn eng kuerz Affär. De Walden léiert no der Trennung vum Zoey d'Kate kennen, deem hie sech mat sengem Alten Ego“-Numm "Sam Wilson" virstellt. Nodeems hatt d'Wourecht gesot krut a weess, datt hien net Sam Wilson heescht, trennt hatt sech vun him. D'Lyndsey brécht hir Bezéiung mam Alan, well hatt en anere Mann kennegeléiert huet. Um Enn vun der Staffel gëtt den Jake op eng Militärbase a Japan geschéckt, wou hien als Kach schafft.

Staffel 11

Den Alan verléiert seng Zouloossung als Chiropraktiker a muss seng Praxis zoumaachen. De Walden stellt hien dunn als Assistent an, fir hie finanziell z'ënnerstëtzen. Dem Charlie seng Duechter Jenny Harper steet virun der Dier, a wëll kucken, wou hire Papp gelieft huet. Hat wëll nees gläich goen, kann awer vum Alan an dem Evelyn iwwerzeegt ginn, ze bleiwen. Fir d'éischt wunnt hatt beim Evelyn, kritt duerno awer vum Walden gesot, datt hatt a sengem Haus ka liewen. Hie bitt him dat aalt Zëmmer vum Jake un. D'Lyndsey fänkt eng Affär mam Alan un, obwuel hatt ëmmer nach mat sengem Frënd zesummen ass. Iergendwann léiert den Alan d'Schwëster vum Frënd vu Lyndsey kennen, an déi zwee fänken eng Bezéiung un.

Staffel 12

Op Halloween kritt de Walden e liichten Häerzinfarkt an et gëtt him kloer, datt hien e Kand wëll adoptéieren. Well dat awer nëmme méiglech ass, wann ee bestuet ass, bestuet hien den Alan. Déi zwéin adoptéieren de Louis. Um Enn vun der Staffel gëtt et en Hiwäis drop, datt den Charlie net dout ass, mä vum Rose gefaange gouf. Eng Episod méi spéit, kréien all d'Kolleegen a bekannt Leit vun enger anonymer Persoun (héchstwarscheinlech vum Charlie) Sue geschéckt, ausser den Alan an de Walden. Déi zwéi kréien Hiweiser, datt den Charlie si wéilt fäerdeg maachen[onkloer]. Doropshi gi se bei d'Police an erzielen engem Polizist (Arnold Schwarzenegger), déi komplett Geschicht vun Two and a Half Men. Um Enn vun der leschter Episod stellt sech eraus, datt d'Police e Verdächtegen (Christian Slater) fonnt huet, deen awer onschëlleg ass, wat den Alan a de Walden net wëssen. Den Charlie geet um Enn virun d'Hausdier, a gëtt vun engem Piano deen anzwousch eraffällt erschloen. Duerno zoomt d'Kamera eraus, wou een dann de Set an den Chuck Lorre gesäit. Och hie gëtt kuerz drop vun engem Piano erschloen. De Réckbléck, vum Charlie Harper sengem Liewen, wat no der aachter Staffel geschitt ass, gëtt mat Animatiounen duergestallt.