USS Lexington

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
1958

D' USS Lexington (CV-16) (duerno CVA-16, CVS-16, CVT-16 an AVT-16) ass e Fligerdréier aus der Essex-Klass, dee vun 1943 bis 1991 am Déngscht vun der United States Navy stoung. Den Numm krut en zu Eiere vun der USS Lexington (CV-2), déi den 8. Mee 1942 am Korallemier ënnergaange war, an där hiren Numm op d'Schluecht vu Lexington zeréckgoung.

Déi éischt Faart goung duerch de Panamakanal an de Pazifik op Pearl Harbor, wou en den 9. August 1943 ukoum.

Si gouf am Pazifikkrich agesat, wou s'och emol vun engem Torpedo beschiedegt gouf an huet missen nees an d'Rei gesat ginn.

Vun 1963 u gouf se als Trainingsplattform fir Marinefligere gebraucht.

Am Ganze gouf et 493.248 Landungen um Schëff.

Zanter 1992 ass et e Muséesschëff.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: USS Lexington (CV-16) – Biller, Videoen oder Audiodateien