Uergel Kierch Bartreng

Vu Wikipedia

Déi aktuell Uergel an der Bartrenger Kierch staamt vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder vu Lëntgen.

D'Riederer-Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Den Uergelbaumeeschter Franz Riederer vu Landshut a Bayern huet 1908 eng Uergel opgeriicht mat pneumatescher Traktur

D'Hauptuergel[änneren | Quelltext änneren]

De Georges Haupt vun der Lëntgener Uergelfabréck huet 1953 d'Uergel renovéiert a vergréissert. Se krut eng elektresch Traktur.

D'Westenfelder-Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks der 1990er Jore gouf eng nei Uergel gaplangt, déi net méi um Duxall stoe sollt. Den Uergelbaumeeschter Georg Westenfelder huet eng Uergel gebaut, déi an dat gotescht Verwëllef vun der rietser Säitkapell gestallt gouf. Déi béid Reliefbiller vun de Kierchpatréiner Péitrus a Pol, déi fréier an den Altorduerchganksdiere waren goufen an den Uergelprospekt agebaut.