Uergel Kierch Betteng op der Mess

Vu Wikipedia
D'Uergel an der Méchelskierch zu Betteng op der Mess

D'Uergel an der Méchelskierch zu Betteng op der Mess gouf tëscht 1988 an 1990 opgeriicht. Et ass eng Westenfelder Uergel.

Dës Uergel, déi am Chouer vun der Méchelskierch zu Betteng op der Mess steet an haaptsächlech als Begleetinstrument vum Kierchechouer geduecht ass, gëtt awer och als Concertsuergel gebraucht.

D'Uergel huet 2 Manualer an 1 Pedall.

Dispositoun (Regësteren)[änneren | Quelltext änneren]

  • Um éischte Manual (Haaptwierk):

Gedeckt 16' - Principal 8' - Rohrgedeckt 8' - Oktave 4' - Oktave 2' - Quinte 1 1/3 - Oktave 1' - Schalmey 8'

Eng kleng Mixtur ka gespillt gi wann d'Oktave 2', d'Quinte 11/3' an d'Oktave 1' matenee gespillt ginn.

  • Um zweete Manual (Positiv):

Gedeckt 8' - Rohrflöte 4' - Nasat 2 2/3' - Quarte 2' - Terz 1 3/5' - Tremulant

Duerch d'Zesummespill vum Nasat 2 2/3', der Quart 2' an der Terz 1 3/5' kënnt e Cornet eraus.

  • Pedall:

Subbass 16' - Principal 8' - Oktave 4' - Schalmey 8'

Dës 4 Regëstere sinn alleguer vum Haaptwierk erofgeholl, soudatt et 13 Vollregëstere gëtt, mat 17 Regësterméiglechkeeten.

Déi 3 Klaviature kënne matenee gekoppelt ginn:

I / Pedall - II / Pedall - I / II

D'Spill an d'Regëstertraktur si mechanesch an d'Uergel huet am Ganze 702 Päifen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]