Op den Inhalt sprangen

Ulrich Mühe

Vu Wikipedia
Ulrich Mühe
Gebuertsnumm Friedrich Hans Ulrich Mühe
Gebuer 20. Juni 1953
Grimma
Gestuerwen 22. Juli 2007
Walbeck
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Däitschland, DDR
Educatioun Hochschule für Musik und Theater „Felix Mendelssohn Bartholdy“ Leipzig
Aktivitéit Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Member vun Akademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Jenny Gröllmann, Annegret Hahn, Susanne Lothar
Kanner Anna Maria Mühe, Andreas Mühe, Sophie Mühe

Den Ulrich Mühe, gebuer den 20. Juni 1953 zu Grimma, a gestuerwen den 22. Juli 2007 zu Walbeck am Landkreis Börde, war en däitsche Film- an Theaterschauspiller. Säi gréisste Succès hat en an der Haaptroll vum Kinofilm Das Leben der Anderen, woufir en den Däitsche Filmpräis 2006 als bescht Haaptroll an den Europäesche Filmpräis 2006 als beschten Acteur krut.

Den Ulrich Mühe huet vun 1975 bis 1979 Schauspillerei op der Theaterhochschule „Hans Otto“ Leipzig studéiert. Hien hat Engagementer zu Karl-Marx-Stadt, Berlin (Volksbühne an Deutsches Theater), bei de Salzburger Festspiele, um Wiener Burgtheater, asw. Hien huet och Literaturvirliesunge gemaach.

Dee leschte Film, an deem e matgespillt huet, war Mein Führer - Die wirklich wahrste Wahrheit über Adolf Hitler. Hien ass u Kriibs gestuerwen.

  • 1984: Die Poggenpuhls
  • 1986: Das Buschgespenst
  • 1987: Sansibar oder der letzte Grund
  • 1988: Späte Ankunft
  • 1988: Polizeiruf 110, Folge 124: Flüssige Waffe (Fernseeserie)
  • 1989: Die gläserne Fackel
  • 1991: Ende der Unschuld, vum Frank Beyer
  • 1991: Extralarge: Diamonds
  • 1992: Wehner - die unerzählte Geschichte
  • 1993: Das letzte U-Boot
  • 1995: Nikolaikirche
  • 1997: Todesengel
  • 1998: Der letzte Zeuge (TV-Serie) (1998 - 2007)
  • 1990: Der kleine Herr Friedemann
  • 2002: Im Schatten der Macht
  • 2002: Hunger auf Leben
  • 2003: Alles Samba
  • 2006: Peer Gynt
Commons: Ulrich Mühe – Biller, Videoen oder Audiodateien