Umaru Yar'Adua

Vu Wikipedia
Umaru Yar'Adua
Gebuer 16. August 1951
Gestuerwen 5. Mee 2010
Nationalitéit Nigeria
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser, Entreprener

Den Umaru Musa Yar’Adua, gebuer de 16. August 1951 zu Katsina a gestuerwen de 5. Mee 2010 zu Abuja, war en nigerianesche Politiker a vum 29. Mee 2007 bis zu sengem Doud Staatspresident vun Nigeria.

Virdru war hien, vum 29. Mee 1999 un, de Gouverneur vun der Regioun Katsina an Nord-Nigeria. No de kontroverséierte Wale vum Abrëll 2007 gouf hien als Nofollger vum Olusegun Obasanjo zum Staatspresident vereedegt. Hie war Member vun der Regierungspartei Demokratesch Vollekspartei vun Nigeria.

Hien ass no laanger Krankheet gestuerwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Umaru Yar'Adua – Biller, Videoen oder Audiodateien