Union luxembourgeoise pour l'histoire et le patrimoine

Vu Wikipedia

D'Union luxembourgeoise pour l'histoire et le patrimoine (ULHP) ass eng Vereenegung ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.), déi 2008 mam Zil gegrënnt gouf, den iwwer 30 000 Hobbyhistoriker zu Lëtzebuerg e gemeinsamen "Daach" ze bidden. Dës Vereenegung soll deemno den Hobbyhistoriker an de lokale Geschichtsveräiner d'Méiglechkeet ginn, Kontakter ënnereneen ze kneppen a besser zesummen ze schaffen.

D'ULHP gëtt zanter hirer Grënnung vum fréiere Professer a Kolléisch-Direkter, dem Historiker Emil Haag presidéiert.

D'Vereenegung gëtt de Bulletin d'information de l'Union luxembourgeoise pour l'histoire et le patrimoine eraus an ass um Ursprong vun der Fondation Linster-Weydert a vun der Maison du souvenir, de l'histoire et du patrimoine zu Helleng, déi als Undenken un de grousse Sammler Aloyse Linster gegrënnt gouf.

D'ULHP koorganiséiert d' Journée nationale de l'histoire locale, déi ronn 20 Veräiner aus dem ganze Land zesummebréngt. Do geet et ëm Geschicht am Allgemengen, de Patrimoine, d'Genealogie, d'Archeologie, d'Museologie, d'Numismatik, asw.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]