Universitéit Yaoundé I
Ausgesinn
|
| |
| Typ | staatlech Universitéit |
|---|---|
| Land | Kamerun |
| Gegrënnt | 19. Januar 1993 |
| Koordinaten | 3°51'13"N, 11°29'51"O |
| Um Spaweck | http://www.uy1.uninet.cm/ |
|
| |
D'Universitéit Yaoundé I (fr.: Université de Yaoundé I; en.: University of Yaoundé I) ass eng ëffentlech Universitéit zu Yaoundé, der Haaptstad vum Kamerun. Hire Motto ass "Sapientia - collativa - cognitio". Si ass 1993 no enger Universitéitsreform entstanen, déi dem Land seng eelst Universitéit, d'Universitéit Yaoundé, an zwou separat Universitéite gedeelt huet: d'Universitéit Yaoundé I an d'Universitéit Yaoundé II.[1]
Si ass an dräi Fakultéiten ënnerdeelt:
- d'Faculté des Arts, Lettres et Sciences Humaines, kuerz FALSH,
- d'Faculté des Sciences, kuerz FS,
- d'Faculté de Médecine et de Sciences Biomédicales, kuerz FMSB.
D'Institutioun ass iwwer e puer Campusse verdeelt woubäi den Haaptcampus dee vun Ngoa-Ekelle ass.[2]
Wéi all ëffentlech Institutiounen am Kamerun ass och d'Universitéit Yaoundé I zweesproocheg: d'Course gi souwuel op Englesch wéi och op Franséisch gehalen.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Gebaier vun der Faculté de sciences
- D'Gebai NBP (Nouveau bloc pédagogique)
- Am Amphi 501 um Haaptcampus
- Den Engleschdepartement
- De Centre de calcul
- Den Däitschdepartement
- De Geographiesdepartement
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vun der Universitéit

Commons: Universitéit Yaoundé I – Biller, Videoen oder Audiodateien
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ minesup.gov.cm: Décret N° 93/026 du 19 janvier 1993 Portant création d'Universités (gekuckt de 5. August 2016
- ↑ facsciences.uninet.cm: Presentatioun vun der Universitéit (gekuckt de 5. August 2016)
