Uraniborg

Vu Wikipedia
Dem Tycho Brahe säin Uraniborg aus sengem Mechanik-Buch 1598
Haaptgebai vun Uraniborg aus dem Willem Blaeu sengem Atlas Maior 1663

Uraniborg (de: „Uranienburg“) war den Observatoire vum däneschen Astronom Tycho Brahe. Et gouf tëscht 1576 a 1580 op der Insel Ven, am Öresund gebaut.

Den Tycho huet geschriwwen, datt de Grondsteen den 8. August 1576 geluecht gouf. D'Gebai gouf der Urania gewidmet, der Mus vun der Astronomie, an no hir Uraniborg genannt, d'Schlass vun der Urania. Um Bau hunn zäitgenëssesche Kënschtler geschafft. Baumeeschter war den Hans van Steenwinckel der Ältere, de Sculpteur Johan Gregor van der Schardt war fir déi bauplastesch Ikonographie zoustänneg an de grousse Sprangbur am Haus war e Wierk vum Nürnberger Georg Labenwolf.[1]

Uraniborg war eng Aart Fuerschungszentrum, dee Studenten aus ville Regiounen ugezunn huet. De Palast hat d'Ausrëschtung fir alchemistesch Fuerschungen. An de Gäert stounge Kraider a Blummen, déi geometresch a Mustere geplanzt waren. Ganz no dobäi louch dem Tycho säi Stjerneborg-Observatoire, deen hie baue gelooss hat, well Uraniborg net stabil genuch fir seng prezis Instrumenter war.

Mam Verloscht vun der Ënnerstëtzung vum neie Kinnek Christian IV. huet den Tycho d'Insel Ven am Joer 1597 verlooss. Uraniborg, wéi och Stjerneborg, goufe kuerz no sengem Doud zerstéiert. Stjerneborg gouf an den 1950er Joren archeologesch nees entdeckt a restauréiert. Do steet haut eng Multimediashow.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uraniborg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John Robert Christianson: Tycho Brahe. In: Carsten Bach-Nielsen (Red.): Danmark og renæssancen. 1500–1650. Gad, Kopenhagen 2006, ISBN 87-12-04227-7, S. 174–185.