De Usain St. Leo Bolt, gebuer den 21. August1986 zu Sherwood Content, Trelawny Parish, ass e jamaikanescheSprinter, deen néngmol Gold bei den Olympesche Spiller gewonnen huet: 2008 zu Beijing, 2012 zu London an 2016 zu Rio de Janeiro - all Kéier iwwer 100 Meter, 200 Meter a mat der 4 x 100 Meter-Staffel. Hien hält och de Weltrekord am 4-mol-100-Meter-Staffellaf, am 100- an am 200-Meter-Laf. Bei enger aktueller Weltrekordzäit vun 9,58 Sekonnen, déi en de 16. August 2009 an der Finall vun der Liichtathleetik-WM zu Berlin opgestallt huet, ass hie bis elo deen eenzege Mënsch, deen d'100 Meter a manner wéi 9,6 Sekonne gelaf ass. De Bolt ass mat 9,63 Sekonnen an der 100-Meter-Finall bei den Olympesche Spiller zu London de 5. August 2012 och déi zweetséierst Zäit iwwer déi Streck gelaf.