Usbekesch Kichen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Plow
Lepjoschka

Déi Usbekesch Kichen ass vun de lokale landwirtschaftleche Produite beaflosst, wéi bei deene meeschten Natiounen. Et gëtt vill Kärefelder an Usbekistan, dofir ass d'Kiche räich u Brout an Nuddelen. Schofsfleesch fënnt een och ganz dacks a Rezepter.

Iwwerhaapt charakteriséiert sech déi usbekesch Kichen duerch seng Abberzuel u Rezepter a Variatioune vun engem an deemselwechte Plat.

Als traditionelle Kascht gëllt virun allem:

Gedronk gëtt absënns gréngen a schwaarzen Téi. Alkohol fënnt kee groussen Zousproch, ausser Wäin, vun deem fir en haaptsächlech muslimescht Land relativ vill gedronk gëtt. Béier gëtt meeschtens importéiert, absënns Baltika an Heineken, lokal gëtt Sarbast gebraut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Usbekesch Kichen – Biller, Videoen oder Audiodateien