Op den Inhalt sprangen

Benotzer:LaBeast2001

Vu Wikipedia

Virbereedung

De Feminismus ass eng Beweegung déi de soziale Status vu Fraen verbesseren an d'Geschlechterroll an der Gesellschaft verännere wëll. D'Geschicht vum Feminismus kann een a verschidde Wellen mat verschiddenen Ziler ënnerdeelen. Dat ursprénglecht Zil vum Feminismus war zanter dem 19. Joerhonnert d'Gläichstellung vu Mann a Fra am soziale Liewen. Zanter de 1960er Joren huet de Feminismus déi onofhängeg Kultur a Wäerter vu Frae staark betount an déi traditionnell Muecht vun de Männer staark verurteelt.

Feminismus zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

D'Aline Mayrisch huet mat anere Fraen 1906 zu Lëtzebuerg d'Association pour les Intérêts de la Femme gegrënnt, deen ënner anerem d'Wahlrecht fir Fraen aféiere wollt, dat 1919 ëmgesat gouf. Aner Moossname goufen awer keng verwierklecht.

Den 10. Mee 1968 gouf per Gesetz déi selwecht Erzéiung fir Jongen a Meedercher (an d'Méiglechkeet vu gemëschte Lycéeën) agefouert. D'68er-Beweegung huet och Fraen zu Lëtzebuerg beaflosst, awer net esou staark wéi am Ausland. D'Fraen hunn deelgeholl un de Protestbewegungen, hunn awer meeschtens an Ënnerzuel misse protestéieren. "On ne naît pas femme, on le devient" gouf zum Haaptslogan vun dëser Beweegung an huet vill Zousproch an der Bevëlkerung fonnt. Frae wei d'Lydie Schmit an d'Nelly Moia gëllen als Käpp vun der 68er-Beweegung zu Lëtzebuerg.

...

De Feminismus goung 1972 an d'Ëffentlechkeetopfälleg, wéi et drem gang ass op Fraen weiderhin den Accord vun hirem Mann brauchen fir e Bankkonto opzemachen.

...

Doropshi gouf d`Vereenegung,,Mouvement de libération des femmes``(MLF) gegrënn.

Den Héichpunkt vun den Demonstratiounen gouf erreecht, wéi am Mee 1972 eng ganz Rei Fraeverbänn virun der Chamber hire Protest ëffentlecht ausgedréckt hunn.

Zenter deem kenne Fraen zu Letzebuerg emmer mei Fräiheete geneissen.