Op den Inhalt sprangen

Nelly Moia

Vu Wikipedia
Nelly Moia
Gebuer 14. Januar 1938
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 23. Februar 2025
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

D'Nelly Moia, gebuer de 14. Januar 1938 zu Esch-Uelzecht, an och do den 23. Februar 2025 gestuerwen,[1],[2] war eng lëtzebuergesch Enseignante, Schrëftstellerin a Fotografin.

Liewen a Karrär

[änneren | Quelltext änneren]

Si war d'Duechter vun engem Escher Bau-Entreprener. No hirer Première huet si zu Paräis, München, Reading, London, Roum a Venedeg gelieft a studéiert, a war dann, vun 1968 bis zu hirer Pensioun 2002, Englesch- an Italieenesch- an och Konscht- a Morale-laïque-Professesch am Escher Meedercherslycée (spéideren Numm: Lycée Hubert-Clément).[1]

Zanter den 1950er Joren huet si Artikele geschriwwen, meeschtens am Tageblatt an am Lëtzebuerger Land, an deene se fir d'Fraen, fir Ëmwelt- an Déiereschutz an als Atheistin géint d'Institutioun Kierch Stellung geholl huet.[3]

Zu hire Publikatiounen zielen de Minettskalenner (1991); Für die Tiere (1992); Für die Frauen (1992); Géint d'Pafen (1994), Mascarons de Luxembourg (1995); Für die Katz' (1999). Si huet ë. a. och d'Nowuert vum Karlheinz Deschner sengem Buch Für einen Bissen Fleisch. Das schwärzeste aller Verbrechen an d'Virwuert vun der Yvonne Frisch-Urbany hirem Buch Alles in Ordnung geschriwwen. Am Karlheinz Deschner sengem Sammelband Woran ich glaube (1990) ass och eng Kontributioun vun hir ("Marionette mit Herz").

Hir Fotoen huet se ë. a. am Escher Theater ausgestallt:

  • La Splendeur du Minett (1987)
  • Al Escher (1988)
  • Pimpampelen am Minett (1989)
  • Trauer in Stein und Bronze (1992)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 "Nelly Moia: Frauenrechte, Tierschutz, Laizismus und Kunst: Zum Tod einer schillernden Persönlichkeit aus Esch." tageblatt.lu, 25.02.2025.
    Philip Michel: "Fir Fraen, fir Déieren, géint Pafen". Nelly Moia, Escher Persönlichkeit 87-jährig verstorben. Tageblatt, 26. Februar 2025, Nr. 48, S. 17.
  2. Monique Kater: "RIP Nelly Moia: Eng Ikon vun de Fraerechter stierft am Alter vu 87 Joer." rtl.lu, 25.02.2025.
  3. Vgl. d'Textsammlungen an de Bicher Für die Katz', Für die Tiere, Für die Frauen, Géint d'Pafen (Spawecklinken).