Utøya

Vu Wikipedia

Utøya ass eng 10,6 Hektar grouss Insel am Oste vum Tyrifjord, zirka 600 Meter vum Festland ewech. Se ass Deel vum Territoire vun der Gemeng Hole an der norwegescher Provënz Buskerud.

D'Insel gehéiert der Arbeidernes Ungdomsfylking, der Jugendsektioun vun Det Norske Arbeiderpartiet (der Norwegescher Aarbechterpartei), déi do zanter 1950 Summer-Campen organiséiert.

Den 22. Juli 2011 waren eng 560 jonk Leit op der Insel, wéi een als Polizist verkleeten Attentäter, den Anders Behring Breivik, deen 2 Stonne virdrun eng Autobomm zu Oslo explodéiere gedoen hat, iwwer eng Stonn laang op dës geschoss huet. 69 Leit sinn dobäi ëm d'Liewe komm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Utøya – Biller, Videoen oder Audiodateien