v. Chr.

Vu Wikipedia

D'Ofkierzung v. Chr. (rar och vC. oder v. C.) bedeit "viru Christus" a gëtt benotzt fit d'Joer vun Evenementer, déi sech virun der Gebuert vu Jesus Christus ofgespillt hunn. Et gëtt och déi englesch Ofkierzung BC ("before Christ") an déi laténgesch AC ("ante Christum [natum]").

Op déi selwecht Aart a Weis gëtt den Zousaz n. Chr. ("no Christus"; rar och nC. oder n. C.) benotzt, fir alleguer d'Joreszuelen, déi nom Jesus denger Gebuert gezielt ginn. Synonymmer sinn de laténgeschen Ausdrock Anno Domini ("am Joer vum Här").

Well déi zwéin Ausdréck awer aus dem chrëschtleche Kulturkrees stamen, ginn heiansdo och d'Ofkierzunge v. o. Z. ("virun onser Zäitrechnung") an n. o. Z. ("no onser Zäitrechnung"). Am Englesche sinn dat d'Ofkierzungen BCE a CE ("Before [the] Common Era" a "Common Era"). Méi seele gëtt v. Chr. och als "virun der Chronologie" gelies.