Vakanz

Vu Wikipedia
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Vakanz (vu Mëttellatäin: vacantia: "Fräi hunn, eidel sinn") huet e puer Bedeitungen:

  • de Fait datt eng Funktioun, en Amt oder eng Aarbechtsplaz net besat ass;
    • dovun ofgeleet Sedisvakanz fir déi Period, wou e Poopst gestuerwen ass, an nach keen neie gewielt gouf, deemno den Hellege Stull eidel ass;
  • am Enseignement, déi Period, wou d'Schüler eng oder méi Woche keen Unterrecht hunn; kuckt: Schoulvakanz;
  • de Fait, a senger Fräizäit eng Rees ze maachen a sech vun doheem ewech opzehalen ("an d'Vakanz fueren, an der Vakanz sinn"), kuckt: Fräizäittourismus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]