Op den Inhalt sprangen

Var (Floss)

Vu Wikipedia
Var
De Var flossop gekuckt riets ass Nice
a lénks Saint-Laurent-du-Var
Längt 114 km
Debit 49,4 m³/s
Fläch vum Baseng 2.820 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Estenc
Héicht 1 790 m
Leeft an Mëttelmier
Geographesch Kaart mat all de Flëss aus der Regioun PACA

De Var ass e Stroum am Süd-Oste vu Frankräich. D'Quell ass zu Estenc an der Gemeng Entraunes op ëm 1800 Meter, duerno fléisst en haaptsächlech duerch d'Departement Alpes-de-Haute-Provence fir tëscht Saint-Laurent-du-Var an Nice an d'Mëttelmier ze fléissen. Zu engem klengen Deel fléisst en duerch d'Departement Alpes-Maritimes. En ass 114 Kilometer laang.

Wéi 1790 a Frankräich d'Departementer gegrënnt gi sinn, war de Var d'Grenz tëscht dem Departement Var an dem Kinnekräich Piemont-Sardinien. Dohier huet d'Departement och den Numm kritt. Tëscht 1793 et 1814, am Premier Empire ass déi Grenz verschwonnen, wéi d'Grofschaft Nice annexéiert an d'Departement Alpes-Maritimes genannt gouf.

Dëst gouf no der Defaite vum Napoleon nees réckgängeg gemaach, an eréischt 1860, wéi Nice fir d'zweet an ewell zerguttst vu Frankräich annexéiert gouf, ass dës Grenzfunktioun definitiv verschwonnen. D'Arrondissement Grasse gouf dobäi bei Alpes maritimes geprafft, a sou kënnt et, datt zanterhier de Floss Var guer net duerch d'Departement Var fléisst.

Um Arc de Triomphe zu Paräis ass Le Var an Armée du Var an de Stee gemeesselt fir un déi bluddeg Kricher ze erënneren.

Vue op de Var zu Entrevaux

5 Flëss fléissen an de Var:

 Commons: Var (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien