Vasa (Schëff)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schëff Vasa. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Vasa (Homonymie).
Vasa
Vasa
Schëffsdaten
Bauufank: 1626
Fäerdeggestallt: 1627
Eegentemer: Schweedesch Marinn
An Déngscht geholl: 1628
Schicksal: * 1628 ënnergaangen;
* 1961 dréchegeluecht;
* Zanterhier Muséesschëff
Längt i.a.: 69 m
Breet: 11,7 m
Héicht: 52,5 m
Tonnage: 1.200 BRT
Seegelen: 1275 m2
Equipage: 145 Matrousen,
300 Zaldoten
Kanounen: 64 dovun:
* 24-Pënner: 48;
* 3-Pënner: 8;
* 1-Pënner: 2;
* Haubitzen: 6

D'Vasa ass e schweedescht Krichsschëff, dat tëscht 1626-1628 gebaut gouf. Et ass wärend senger éischter Rees den 10. August 1628 ënnergaangen, nodeem et nëmmen 1300 Meter zeréckgeluecht hat. D'Schëff ass a Vergiessenheet geroden nodeem am 17. Joerhonnert déi meescht vun de wäertvolle Kanounen aus Bronze gebuerge goufen. An de spéiden 1950er Joren gouf et an enger vill-befuerener Schëffsstrooss baussent dem Stockholmer Hafen nei entdeckt an 1961 gouf de gréisstendeels intakte Schëffskierper aus dem Waasser geholl an dréchegeluecht. Bis 1987 war et an engem temporäre Musée mam Numm Wasavaret ënnerbruecht, éier et an den nei gebaute Vasamusée geplënnert gouf. D'Vasa ass eng vun de populäersten Touristenattraktiounen a Schweden a gouf zanter 1961 vun iwwer 29 Millioune Leit gesinn. Zanter senger Restauratioun ass d'Schëff e wäitleefegt unerkannt Symbol fir d'Muecht vum fréiere schweedesche Räich.

D'Vasa gouf mat engem schwéieren Uewerberäich a mat net genuch Ballast gebaut. Obwuel et schonn am Hafen offensichtlech war, dat d'Schëff net genuch Support hat, gouf ëm erlaabt fortzeseegelen. Nodeem et no e puer Minutten mat méi staarkem Wand konfrontéiert war huet et ugefaange mat schwanken an ass kuerz drop ënnergaangen. D'Erlaabnis, d'Seegel ze setzen, war d'Resultat vu verschiddene Facteuren: de schweedesche Kinnek Gustav II. Adolph, deen zu deem Zäitpunkt seng Arméi am Ausland ugefouert huet, war ongedëlleg ze gesinn, wéi d'Vasa zu senger baltescher Flott am deemools Drëssegjärege Krich stéisst; gläichzäiteg huet de Responsabele vum Schëffsbau de Courage gefeelt, dem Kinnek vun de strukturelle Problemer vun der Vasa ze erzielen oder déi éischt Rees op e spéideren Zäitpunkt festzeleeën. Eng Enquête fir déi Responsable fir den Ënnergank ze fanne gouf vum schweedesche Räichsrot lancéiert, schlussendlech gouf awer kee fir de Fiasko bestrooft.

Wärend dem Ophiewe 1961 goufen Dausende vun Artifakter an déi stierflech Iwwerreschter vun mindestens 15 Leit an a rondrëm d'Wrack fonnt. Dorënner ware Kleeder, Waffen, Kanounen, Handwierksgeschier, Mënzen, Läffelsgeschir, Iessen, Gedrénks a sechs vun den zéng Seegelen. Déi Artifakter an d'Schëff selwer hunn Historiker Detailwëssen iwwer Séikrich, Schëffsbautechniken an d'alldeeglecht Liewen a Schweden am 17. Joerhonnert geliwwert. D'Vasa sollt den Expansiounswëlle vu Schweden ausdrécken an de Kinnek Gustav II. Adolph glorifizéieren. Dofir goufe keng Käschte fir d'Dekoratioun an d'Equipement vum Schëff gescheit, wat d'Vasa zu engem vun den deemools gréissten an am schwéierste bewaffente Schëff gemaach huet.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Regalskeppet Vasa – Biller, Videoen oder Audiodateien