Vaudemange

Vu Wikipedia
Vaudemange
D'Märei

D'Märei
D'Märei
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Châlons-en-Champagne
Kanton Mourmelon-Vesle
et Monts de Champagne
Postcode 51380
Gemengecode 51599
Koordinaten 49° 05’ 34’’ N
      04° 13’ 32’’ O
Fläch  1 312 ha
Bevëlkerung  207 (1999)

Vaudemange ass eng franséisch Gemeng am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est.

Et ass en typescht Wënzerduerf. Seng Wäiner sinn an der Lëscht vun de Crusen als Premier Cru agedroen, mat der Cote 95 %.

Laanscht d'Gemeng leeft den Aisne-Marne Kanal, an zwar deen Deel, deen zum Scheetbaseng gehéiert, op enger Héicht vun 99,59 Meter. Tëscht dem Hafe vu Vaudemange an der Schleis N° 17 déi och um Territoire vun der Gemeng läit, leeft de Waasserkanal dran, deen d'Marnewaasser vu Condé-sur-Marne erbäibréngt fir de Kanal um Scheetbaseng ze fidderen. Eng ronn 1.500 Meter nërdlech vun der Uertschaft ass d'Südportal vum Kanaltunnel deen do ënner dem Mont-de-Billy erduerch geet an 2.302 Meter laang ass.

Kuckt och[Quelltext änneren]