Verdéngschtgielche vun de Kampfgruppe vun der Aarbechterklass

Vu Wikipedia
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.

De Verdéngschtgielche vun de Kampfgruppe vun der Aarbechterklass, am Original Verdienstmedaille der Kampfgruppen der Arbeiterklasse, gouf am Joer 1961 nom Bau vun der Berliner Mauer an der fréierer DDR gestëft.

Fir d'éischt gouf de Verdéngschtgielche vun de Kampfgruppe vun der Aarbechterklass op engem Niveau verginn. Vun 1978 u gouf et dräi Niveauen, a Bronz, Sëlwer an a Gold. Déi éischt Versioun kruten nëmmen Eenzelpersounen. No 1978 konnten och Kollektiver oder ganz Eenheete vun de Kampfgruppe de Verdéngschtgielche vun de Kampfgruppe vun der Aarbechterklass kréien. De Gielche war eng Unerkenneung fir ausgezeechent Déngschter verbonne mat der Stäerkung vun de Kampfgruppen an Zesummenhang mat hirer Gefechtsbereetschaft. Och Persounen, déi net a Kampfgruppe waren, konnten de Verdéngschtgielche vun de Kampfgruppe vun der Aarbechterklass kréien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]