Vestiaire

E Vestiaire ass e Raum an deem Leit sech anescht undoen. Vestiairë sinn a Sportshalen an a Schwämme geleefeg, awer och op anere Plaze wou Leit hir Kleeder wiessele mussen, zum Beispill fir d'Aarbechtsgezei unzedoen.
Generell gëtt et separat Vestiairë fir Männer a fir Fraen. Dacks si se mat Dusche kombinéiert, fir datt ee sech nom Sport oder no der Aarbecht och nach wäsche kann. Meescht gëtt et och Bänke fir sech ze sëtzen, Schief, an deenen ee seng perséinlech Saache kann aspären a Kreep fir d'Gezei opzehänken.
Wärend de Vestiaire e gemeinschaftlech genotzte Raum ass, ass d'Ëmkleedekabinn méi kleng a just fir eng Persoun geduecht. Si ass duerch eng Dier oder Riddo ofgegrenzt a bitt doduerch méi Privatsphär. D'Ëmkleedekabinn ass éischter geduecht fir kuerz d'Kleeder ze wiesselen oder Gezei an engem Buttek unzemoossen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Vestiairen – Biller, Videoen oder Audiodateien |