Dusch

Vu Wikipedia
Eng Dusch

Eng Dusch ass eng Installatioun, déi meeschtens am Buedzëmmer oder nieft engem Vestiaire ze fannen ass, an an där ee sech wäsche kann.

An der westlecher Welt gehéiert d'Dusch zu Standardariichtung vun engem moderne Buedzëmmer. Vill nei Wunnengen hunn am Buedzëmmer keng Buedbidde méi, mä just nach eng Dusch an enger Duschkabinn. Generell huet eng Dusch e Mëschventil, mat deem een d'Waasser opdréint an d'Temperatur astellt, en Duschkapp, un deem een den Drock an de Stral vum Waasser regléiert, an e Schlauch, duerch deen d'Waasser an den Duschkapp fléisst. Den Duschkapp huet vill kleng Lächer, déi d'Waasser verdeelen an et sou erlaabt, eng méi grouss Fläch, generell de mënschleche Kierper, gläichméisseg naass ze maachen

Generell verbrauch ee manner Waasser wann ee sech duscht wéi wann een an d'Bidde geet.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Duschen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wasserwerk.at: Trinkwasserverwendung (gekuckt de 4. Mäerz 2015)