Buedbidden

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Eng stolen emailléiert Bidden déi fräi steet.

Eng Buedbidden oder einfach Bidden ass e grousse Behälter dee fir d'mënschlech Kierperhygiène benotzt gëtt. Et kann een d'Bidde mat Waasser fëllen a sech dra sëtzen oder leeën, oder sech an d'Bidde stellen an da mat Waasser dat aus dem Krunn oder vum Duschkapp leeft wäschen.

Et fënnt een d'Bidden am Buedzëmmer. Si kann entweder fräi stoen oder agebaut sinn a mat enger Dusch kombinéiert sinn. Si huet dacks eng längelzeg Form a generell en Offloss, mat deem d'Waasser kann erausgelooss ginn. Wéi aner Sanitärinstallatiounen och, z. B. d'Toilette oder de Lavabo, sinn déi meescht modern Bidde wäiss, obwuel ee s'och an anere Faarwe fënnt. Eng besonnesch Form ass d'Sëtzbidden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bidden – Biller, Videoen oder Audiodateien