Viaduc vun Houffalize
Ausgesinn
Geographie | |
---|---|
Land | Belsch |
Plaz | Houffalize |
Funktioun | |
Benotzt als | Autobunnsbréck |
Féiert iwwer | Ourthe |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Totallängt | 369,90 m |
Breet | 2 x 16 m |
Material |
Dunnen: Béton préfabriqué a virgespaante Betong |
Bemierkungen | |
Opgaangen | Baujoer: 1974 - 1979 |
De Viaduc vun Houffalize ass eng Autobunnsbréck vun der Belscher A26 / E25 um PK 64,45, iwwer den Dall vun der Ourthe nërdlech vun Houffalize.
D'Bréck mat enger Totallängt op der Fuerbunn vun 369,90 Meter besteet aus:
- Dem Bou mat enger Spanwäit vun 162 Meter
- Aacht säitleche Felder 4 riets a 4 lénks vum Bou mat all Kéier 26,40 Meter
D'Fuerbunn huet eng Déckt vu 77 cm an ass vu Stäipe gedroen déi all Kéier 26.4 Meter vuneneen ewech stinn.
Et gëtt am Ganze 14 där Felder wouvun der 6 um Bou stinn.
D'Fuerbunne sinn an der Mëtt vunenee getrennt a sinn 2 x 16 m breet.