Viaduc de la Chiers
Ausgesinn
De Viaduc de la Chiers ass eng Stroossebréck zu Réhon bei Lonkech am Departement Meurthe-et-Moselle. De Bau vun der Bréck ass 1987 fäerdeg ginn. Si dréit d'Nationalstrooss RN 52 a geet iwwer d'Kuer.
Et ass eng Dunnebréck, déi aus Huelkëschten zusummegesat ass; den Architekt war de Charles Lavigne.
D'Pilieren sinn aus Bétong armé an d'Fuerbunn ass eng gemëschte Konstruktioun aus arméiertem Bëtong a Stol bei enger Déckt vun 3.5 m. Si huet eng total Längt vu 584 m an dat gréisst Feld huet 106 m.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Déviation Sud-ouest de Longwy. Viaduc de la Chiers, an "Travaux", septembre 1985, n. 602.
- Foucriat, Jean-Claude: La conception et la construction du viaduc de la Chiers à Longwy, an"Bulletin ponts métalliques", n. 13.
- Fuchs, Jacques: Protection anti-corrosion du viaduc de la Chiers à Longwy, an "Ouvrages d'art", mars 1988, n. 3.
- Montens, Serge: Les plus beaux ponts de France, Bonneton, Paris (France), 2001