Viaduc vu Busseau

Vu Wikipedia
Viaduc vu Busseau.

De Viaduc vu Busseau ass eng Eisebunnsbréck a Frankräich an der Creuse. Si geet tëscht Busseau-sur-Creuse an Ahun, iwwer den Dall vun der Creuse.

Et ass eng Dunnebréck, bei där Pilieren an d'Dunn aus Fer-forgés Fachwierkträgere sinn, a si gouf tëscht 1862 an 1863 op der Eisebunnsstreck Montluçon-Saint-Sulpice-Laurières opgeriicht. Si steet um PK 389,5.

De Chef-Ingenieur beim Bau war de Wilhelm Nördling

Technesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

  • Längt: 338,70 m
  • Héicht iwwer dem Waasser: 56.5 m
  • Längt vun de Felder: 45 m - 4 x 50 m - 41 m.
  • Héicht vum Tablier: 5,00 m
  • Breet vun der Dunn: 8,00 m

Ëmännerungen[änneren | Quelltext änneren]

1905 gouf eng Bëtongsdall agezunn.