Viaduc vu Remouchamps (A 26)

Vu Wikipedia
Vue ënner den Tablier

De Viaduc vu Remouchamps ass eng Stroossebréck vun der A 26 (E25) um Kilometerpunkt 21,66 an der Provënz Léck déi iwwer den Dall vun der Amblève féiert.

D'Bréck gouf 1980 gebaut, an et ass eng Dunnebréck déi aus 11 Felder besteet mat enger Totalängt vun 939,10 Meter. D'Dunne sinn aus Stol an et sinn Huelkëschtendunne mat enger Héicht vu 5,10 Meter.

Längt vun de Felder: 39.35 m - 94.50 m - 108.00 m - 2 x 117.00 m - 76.50 m - 67.50 m - 72.00 m - 63.00 m - 54.00 m - 44.75 m

Den Tablier vun der Bréck ass 27,30 Meter breet an ass aus arméiertem Bëtong gemaach.

D'Pläng an d'technesch Etüde goufe vum Büro Greisch vu Léck gemaach.

Um Bau ware bedeelegt:

  • Construction Ateliers de Braine-le-Conte
  • Compagnie d'Entreprise CFE
  • Nobel-Peelman, S.A.
  • Savelkoul

Koordinaten: 50° 28’ 28’’ N 05° 42’ 56’’ O

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marcel Prade: Les grands ponts du monde:Ponts remarquables d'Europe Éditions Brissaud, Poitiers (France) 1990 (428 Säiten)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]