Viana do Castelo

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Haaptplaz am Zentrum vun der Foussgängerzone

Viana do Castelo ass eng portugisesch Stad an der Regioun Norte an der Ënnerregioun Minho-Lima. Viana ass d'Haaptstad vum Distrikt vu Viana do Castelo.

D'Stad mat hire 36.750 Awunner ass de Sëtz vun enger 314,36 km² grousser Gemeng déi 83.000 Awunner zielt. D'Gemeng ass weider ënnerdeelt a 40 administrativ Ënnereenheeten.

D'Gemeng grenzt am Norden un d'Gemeng Caminha, am Oste Ponte de Lima, am Süde Barcelos e Esposende an am Westen un den Atlanteschen Ozean.

D'Geschicht geet wäit zeréck virun eiser Zäitzielung, wéi Ruine vun engem Kastell um Hiwwel vu Santa Lucia beleeën.

Am Joer 1258 krut d'Uertschaft hiren éischte Liichttuerm vum Kinnek Afonso III vu Portugal an den Numm Viana da Foz do Lima wéinst senger geographischer Lag. 1848 krut d'Uertschaft hire Stadbréif vun der Dona Maria II an och hiren neien Numm Viana do Castelo.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Viana do Castelo – Biller, Videoen oder Audiodateien