Vibriss

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
E Wäschbier mat Vibrissen op der Schnëss.
E Sibirischen Tiger mat Schnurreshoer.
Eng Hauskaz mat Vibrissen op der Schnëss an iwwer den Aen

Vibrissen, och Sinus-, Taascht- oder Schnurreshoer genannt (Latäin: vibrissa, Pl. vibrissae), si speziell Hoer, déi bei ville Mamendéieren zudackst am Gesiicht wuessen. Si si méi déck, méi fest a méi laang wéi normal Hoer, a sinn op taktil Reizer spezialiséiert.

Vibrisse bestinn, wéi all Hoer, aus doudegem Material, hu selwer keng Nerven a wuessen no wéi déi normal Hoer. Wat se speziell mécht, ass, dass den Hoerbaleg (Follikel) an enger Zort Kapsel agebett ass, an där Blutt ass, de sougenannte Bluttsinus. An der Wand leie vill fräi Enner vun Nerven. Gëtt en Taaschthoer beréiert, béit et sech a beweegt d'Blutt an der Kapsel. D'Blutt verstäerkt d'Beweegung, sou dass d'Nerven un der Basis nach déi klengsten Impulser registréiere kënnen. Bei verschiddene Mamendéiere ass ausserdeem Muskeltissu ronderëm d'Follikel vun de Vibrissen, sou datt se beweegt kënne gi fir d'Emgéigend z'erfuerschen.

Vibrissen hëllefen deemno deenen Déieren, déi (dacks) am Däischteren oder am dréiwe Waasser aktiv sinn, fir hire Wee ze fannen, Geforen z'erkennen an Narung opzespieren. Verschidden Déieren, wéi z.B. d'Mais, kënnen nach esou reng Loft- oder Waasserbeweegunge mat hiren Taaschthoer spiren. Bei ville Mamendéiern gëtt eng grouss Capacitéit vum Gehir dofir gebraucht, fir d'Informatiounen, déi et vun den Nerven un de Vibrisse 'gemellt' kritt, ze verschaffen. Fir vill Déiere sinn d'Taaschthoer iwwerliewenswichteg.

De latengeschen Ausdrock vibrissae bezeechent ausser den Taaschthoer och d'Schutzhoer an der Nuesenhiel (Hoer an der Nues).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vibrissae – Biller, Videoen oder Audiodateien