Victor Milner

Vu Wikipedia
Victor Milner
Gebuer 15. Dezember 1893
New York
Gestuerwen 29. Oktober 1972
Los Angeles
Nationalitéit USA
Aktivitéit Kameramann

De Victor Milner (och Victor Miller), gebuer de 15. Dezember 1893 zu New York City a gestuerwen den 29. Oktober 1972 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Kameramann. Hie krut 10 Nominéierunge fir den Academy Award, deen en 1934 fir de Film Cleopatra krut.

De Milner huet scho mat 15 Joer ugefaangen als Assistent an der Filmbranche ze schaffen. 1914 ass hien du Kameramann ginn an huet bei iwwer 130 Filmer matgeschafft. Hie war an den 30er Joren ee vun de beschte Kameramänner.

Hie war Matgrënner vun der American Society of Cinematographers (A.S.C.), a war vun 1937 bis 1939 de President dovun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victor Milner – Biller, Videoen oder Audiodateien