Victor de Roebe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Victor von Roebe)
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Victor de Roebe
Gebuer 23. Mäerz 1823
Saarbrécken
Gestuerwen 3. Januar 1889
Fiels
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Hubert Victor de Roebe (och alt de Roebé oder von Roebe, resp. von Röbe), gebuer den 23. Mäerz 1823 zu Saarbrécken, gestuerwen den 3. Januar 1889 an der Fiels,[1] war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

1844 krut hien d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun.

Vun 1873 bis 1882 war hie Generaldirekter (Minister), am Ufank an der Regierung Servais (Finanzen, vum 25. Mee 1873 bis de 26. Dezember 1874), duerno an der Regierung de Blochausen (Travaux publics, vum 26. Dezember 1874 bis de 6. August 1878; Finanzen, vum 6. August 1878 bis den 21. September 1882).[2]

Vum 22. Juli 1885 bis zu sengem Doud war hie Member vum Staatsrot.[1]

Gielercher[3][änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 J.A. Massard (1988): Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, S. 224 (biographesch Notiz iwwer de Victor de Roebé).
  2. G. Thewes (2006): Les Gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848. Luxembourg, Service Information et Presse, S. 35, 43.
  3. Den Hubert-Victor de Roebe op gw.geneanet.org