Videosignal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bei der Entwécklung vun der Fernsehtechnik an den 20er Joren huet missen eng Léisung fonnt ginn, fir dat Bild, dat d'Kamera ophëllt, bei den Empfänger z'iwwerdroen. Eng parallel Iwwerdroung vun den eenzele Bildpunkte koum net Fro, well een op déi Aart a Weis fir jiddwer Bildpunkt ee Sendekanal (z. B. ee Kabel) brauche géif. Sou géif ee fir e Fernsehbild mat der haiteger PAL-Opléisung 414.000 Sendekanäl brauchen (575 Bildzeilen x 720 Linnen Opléisung pro Zeil).

Et gouf also fir eng seriell Iwwerdroung decidéiert, bei där d'Fernsehbild zeileweis iwwerdroe gëtt a sou nëmmen ee Sendekanal gebraucht gëtt. Fir dat ze realiséiere gouf et verschidde Usätz, z. B. d'Nipkow-Scheif. Duerchgesat huet sech awer d'Oftaaschte mat engem Videorouer. Haut ginn d'Biller an de Kameraen duerch CCD-Sensoren ofgetaascht.

Beim Videosignal gëtt haut tëscht zwou Formen ënnerscheet:

  • BAS (Bild-Austaascht-Synchron-Signal)
  • FBAS (Faarf-Bild-Austaascht-Synchron-Signal)

BAS-Signal[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem BAS-Signal versteet een dat komplett Fernsehsignal fir d'Schwaarzwäiss-Bildiwwerdrouen, dat sech aus dem Bildsignal, Austaaschtsignal an dem Synchronisatiounssignal zesummensetzt. BAS ass déi däitsch/lëtzebuergesch Iwwersetzung fir d'VBS-Signal (Video Baseband Signal). Gëtt dat Bild a Faarf iwwerdroe, kënnt d'FBAS (Faarf-BAS oder och nach CVBS, Colour Video Baseband Signal) zum Asaz, dat zousätzlech d'Faarfinformatioun enthält.

Bild 1 - BAS-Signal mat Bildinhalt an Horizontalsynchronsignal

Vollbiller (Frames) resp. Hallefbiller (Fields, Biller mat hallwer Zeilenzuel --> kuckt dofir Zeilesprongverfahren) ginn noeneen iwwerdroen. All Bild, resp. Hallefbild, besteet aus villen Zeilen, déi och hannerenee gesent ginn. Resuméiert besteet d'Videosignal aus enger Offolleg vun den eenzelen Zeilen.

Elo muss den Empfänger genee agestallt sinn a wëssen, wéini:

  • eng nei Zeil ugeet a wéini se ophält (Horizontal Synchronisatioun),
  • en neit Bild ugeet a wéini et ophält (Vertikal Synchrinisatioun).

Dofir gëtt et d'Synchronsignaler. All d'Zäit-Donnéeë bezéie sech do op dat an Europa wäitverbreete PAL-System.

Horizontal Synchronisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir datt e stabilt Bild am Empfänger erëm kann gi ginn, iwwerdréit de Sender all 64µs en Horizontal- an all 20µs e Vertikalsynchronimpuls. D'Horizontalsignal kënnt no der leschter, siichtbarer Bildinformatioun.

D'Bild 1 weist e zäitlechen Ausschnëtt aus dem Videosignal. Et handelt sech heibäi em eng ganz Zeil. Als Beispill déngt hei eng dräistufeg Grotrap. Um Bildschierm wieren hei also dräi Faarfsträifen ze gesinn. Vu lénks no riets ginn se méi donkel. Déi lénks Sträif ass Wäiss (10%), déi mëttelst as gro (tëscht 10% an 73%, z. B. 50%), déi riets ass schwaarz (73%). D'Sträifen huelen sou jeeweils een Drëttel vum Bildschierm an.

Bild 2 - Vergréisserten Zeilesynchronimpuls mat de Schwaarzschëlleren

Ganz lénks gesäit een nach en Deel (hënnescht Schwaarzschëller) vun der Zeil virdrun. Ganz Riets, am Bild 1 hellgro ëmrummt, gesäit een e komplette Zeilesynchronimpuls (Horizontalsignal), deen am Bild 2 nach eng kéier vergréissert duergestallt ass.

D'Horizontalsignal huet eng Gesamtdauer vun 12 µs a besteet aus:

  • dem eigentleche Zeilesynchronimpuls (um Bild 2 de grénge Beräich), deen de Zeilegenerater synchroniséiert,
  • der viischter Schwaarzschëller (bloe Beräich) an
  • der hënneschter Schwaarzschëller (donkelroude Beräich), déi als Puffer déngt, fir Schwengungen, déi beim séieren Hilaf opgetruede sinn, ofkléngen ze loossen.

Während dëser Synchronisatioun ass den Elektronen donkelgetaascht (>75%). Fir géigesäiteg Stéierungen (z. B. Austaaschtung) ze verhënneren, trennen d'Schwaarschëlleren den Haaptimpuls vum Bildinhalt.

D'Horizontalsynchronsignal suergt also fir eng stabil Zeilewiedergab am Empfänger.

Vertikal Synchronisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vun engem Deelbild, iwwerdréit de Sender 50-mol an der Sekonn d'Vertikalsynchronsignal (Bildsynchronsignal). Well et am selwechte Pegelberäich wéi d'Horizontalsynchronsignal läit, ass d'Signaldauer beim Vertikalsynchronsignal méi héich wéi beim Horizontalimpuls (26µs vis-à-vis 4,7µs).

D'Vertikaloflenkung besteet aus:

  • 5 Virtrabanten
  • 5 Haaptimpulser
  • 5 Notrabanten

Déi 5 Virtrabanten (ti jee 2,8µs) trennen d'Haaptimpulser vum siichtbaren Deel vum viregen Deelbild. Déi 5 Haaptimpulser (ti jee 26µs) synchroniséieren de Vertikalgenerator. Déi 5 Notrabanten (ti jee 2,8µs) trennen d'Haaptimpulser vum nofolgenden Deelbild.

Den zäitlechen Ofstand tëscht den eenzele Haaptimpulser bedréit 32µs. Doduerch ass séchergestallt, datt während der Vertikalsynchronisatioun d'Horizontalsynchronisatioun erhale bleift. Déi gesamt Vertikalaustaaschtung erstreckt sech iwwer 25 Zeilen. No de 7,5 Zeile fir d'Vertikalsynchronsignal komme weider 17 Zeilen, déi donkelgetaascht (Pegelwert >73%) oder fir d'Iwwerdroe vun Donnéeë benotzt (Videotext, VPS etc.). Während där Zäit geschitt am Bildrouer de Vertikalrécklaf.

Bild 3 - Vertikalsignal am BAS-Signal mat de 5 Vir- a Notrabanten an de 5 Haaptimpulser

FBAS-Signal[änneren | Quelltext änneren]

FBAS-Signal steet fir Faarw-Bild-Austaascht-Synchronsignal, resp. CVBS fir Colour-Video-Blanking-Signal. Dack gëtt et och nach Composite-Signal genannt, well et d'Faarfinformatioun, d'Hellegkeet an d'Synchronisation an engem Signal vereent.

Iwwerlagert ee d'Faarfaartsignal F mam BAS-Signal Y, sou entsteet d'FBAS-Signal. Beim analoge Bildsignaliwwerdroen am PAL-System gëtt dem héichfrequente Bildträger d'FBAS-Signal duerch Amplitudenmodulatioun opgeprägt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]