Videobandbreet

Vu Wikipedia

D'Frequenzen am BAS-Signal hänke vum Bildinhalt of. Wann z. B. déi lénks Hallschent wäiss an déi riets schwaarz ass, dann ergëtt sech eng rechteckfërmeg Videospannung déi sech nom Fourier aus enger Videospannungs-Grondschwengung (1. Harmonesch) mat enger Frequenz vu 15625 Hz an theoreetesch onendlech vill ongeruedzuelegen Harmoneschen zesummesetzt.

Wat d'Bilddetailer méi kleng sinn, desto méi héich gëtt d'Frequenz vun der Grondschwéngung an hirer Harmonescher. Fir e Bild orginalgetrei erëmzeginn, mussen all d'Harmonesch vun der Videospannung iwwerdroe ginn. Dofir wier eng riseg Iwwerdroungsbandbreet néideg, déi et an der Praxis net gëtt. Wann d'Bandbreet begrenzt ass, da bedeit dat eng kleng Bildschäerft a Bildopléisung.

D'Grenz vun der Opléisung ass erreecht, wann nëmmen nach d'Grondschwengung vun der Videospannung do ass. An der Fernseeiwwerdroungstechnik huet an den Norme B a G déi héchst Videofrequenz 5 MHz. Doraus ergi sech am siichtbaren Deel vun enger Zeil zirka 250 Videospannungsgrondschwengungen (5000000: 15625: 64 * 50) an domat eng Opléisung vun zirka 500 vertikale Linnen. D'Basisbandbreet vum Videosignal huet also zirka 5 MHz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]