Villefranche-sur-Mer

Vu Wikipedia
Villefranche-sur-Mer

Land Frankräich
Regioun PACA
Departement Alpes-Maritimes
Arrondissement Nice
Kanton Beausoleil
Postcode 06230

CANCA

Gemengecode 06159
Koordinaten 43° 42’ 18’’ N
      07° 18’ 45’’ O
Fläch  488 ha
Bevëlkerung  5 443 (2012)
Eng Gässel zu Villefranche

Villefranche-sur-Mer ass eng franséisch Gemeng, déi zum Departement Alpes-Maritimes an zur Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur gehéiert. Opgrond vun engem Dekreet vum 18. Mäerz 1988 ass aus Villefranche, Villefranche-sur-Mer ginn.
D'Awunner heesche Villefranchois.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Villefranche-sur Mer läit op der Côte d'Azur tëscht Nice a Monaco an ass an enger Mierbucht (rade op frans.) situéiert, déi begrenzt gëtt duerch de Cap vun Nice an de Cap Ferrat.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Well am Altertum d'Awunner vun dëser Localitéit den Attacke vun de Barbaren ausgesat waren, hate se Zouflucht rondrëm an de Bierger gesicht. Fir d'Awunner z'encouragéieren erëm op de strategesche Site beim Mier zeréckzekommen, huet 1295 de Charles d'Anjou, Grof vun der Provence, si vun de Steiere befreit. Villefranche ass eng Villa Franca ginn. Dohier hiren Numm. Bis den Hafe vun Nice gebaut gouf, war Villefranche deen eenzegen Hafen an deem Streech an huet dovu finanziell staark profitéiert. Den Hafe gouf spéider befestegt an d'Festung vum Mont Alban an d'Citadell Saint-Elme gebaut (1557).
Nom Zweete Weltkrich war déi 6. Amerikanesch Flott an der Rade vu Villfranche doheem. Haut ass dës Rade vu Croisière-Schëffer staark besicht a Villefranche ass zu enger beléiften Openthaltsplaz fir Touriste ginn.

Fotoalbum vu Villefranche-sur-Mer[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villefranche-sur-Mer – Biller, Videoen oder Audiodateien