Vire (Baach)
Ausgesinn
D'Vire bei Saint-Remy | |
Längt | 14 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Meuse |
Originn | |
Originn |
Zesummelaf vun der Batte an dem Ruisseau de Cussigny |
Plaz | Signeulx |
Konfluenz | |
Leeft an | den Ton |
Plaz | Vieux-Virton |
Geographie | |
Land | Belsch |
D'Vire ass eng belsch Baach am Süde vun der Provënz Lëtzebuerg. D'Vire huet keng eege Quell. Si huet den Numm nom Zesummelaf vun der Batte a vum Ruisseau de Cussigny bei Signeulx an der Gemeng Musson op enger Héicht vun 230 Meter.
Se leeft vun do aus no Westen, laanscht oder duerch d'Uertschaften Latour, a Chenois, fir zu Vieux-Virton bei Saint-Mard an den Ton ze lafen. Si ass ronn 14 km laang.