Volleksdanz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
e Volleksdanz op engem Tableau vum Abraham Teniers (Mëtt 17. Jh.)

E Volleksdanz oder Folklordanz ass en Danz deen op engem traditionelle Volleksfest oder an enger traditioneller Gesellschaft gedanzt gëtt. Volleksdänz gëtt et praktesch an alle Kulturen a se bilden zesumme mat der Volleksmusek ee Ganzt. Am Géigesaz zu de Standarddänz sinn d'Beweegungsprozeduren net sou strikt festgeluecht, wat awer net heescht, datt se komplett ouni Choreographie gedanzt ginn. Och d'Kostümen déi beim Folklordanz gedroe ginn ënnerscheeden sech absënns duerch de Stoff vun den Truechten, de Bijouen, der Kappbedeckung oder den Accessoirë vun der Alldagskleedung.

Doduerch datt déi original Volleksmusek ëmmer méi mat anere Museksrichtunge – ë . a. der Popmusek – ersat gouf, well d'Volleksfester ëmmer méi kommerziell goufen an se sech am weesentlechen net vuneneen ënnerscheeden an och well et einfach eng méi grouss Fräizäitoffer gëtt, ginn d'Volleksdänz bal net méi gedanzt. Virféierunge gëtt et praktesch nëmmen nach vu vereenzelte regionalen Danzgruppe bei spezielle Manifestatiounen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Volleksdanz – Biller, Videoen oder Audiodateien