Wäinetikett (Éisträich)

Vu Wikipedia

Op de Wäinetiketten an Éisträich, sinn dräi Informatiounen obligatoresch, d'Riefzort, d'Qualitéitskategorie, an d'Origine.

  • D'Riefzort steet normalerweis ganz uewen an der Etikett, dacks och direkt ënner dem Numm vum Produzent. D'Riefzort gëtt un datt op d'mannst 85% vum Wäin, vun där Rief kommen.
  • D'Qualitéitskategorie.
    • D'Qualitéitskategorien an Éisträich gläichen deenen däitschen, a si bei de gewéinleche Wäiner den Tafelwein an de Landwein. All d'Wäiner déi de Label Qualitätswein hunn, mussen iwwer eng Degustatioun an eng cheemesch Analys gepréift ginn, a si mussen en Numero déi sougenannt Prüfnummer hunn. Deen Numero confirméiert datt de Wäin bestëmmte gesetzleche Krittären entsprécht, souwéi z. B. den Zockergehalt vum Moscht.
    • An der Kategorie Qualitätswein sinn d'Wäiner vum net-séisse bis ganz séissen der Rei no klasséiert: Kabinett, Spätleese, Ausleese, Eiswein, Beerenauslese, Ausbruch, Trockenbeerenausleese.
    • D'Informatioun iwwer de Reschtzocker gëtt definéiert mat trocken bis 9 g/l, halbtrocken bis 12 g/l, halbsüss oder lieblich bis 45 g/l, a süss iwwer 45 g/l.
  • D'Origine.
    • D'Géigend aus där de Wäin hierkënnt ass op all Qualitätswein renséignéiert. Dat kann eent vun de 16. éisträichesche Wäibaugebidder sinn, eng Gemeng, oder e Wéngert. De Wäi muss zu 100% vun do kommen.