Wäschkichen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eng Wäschkichen (heiansdo och Buanderie op Franséisch genannt) ass e Raum an engem Haus an deem d'Wäsch gemaach an heiansdo och gestreckt gëtt.

Eng Wäschkiche kann an engem Wunngebai sinn oder an anere gréisseren Etablissementer wéi engem Spidol oder engem Hotel. Si ass typescherweis am Keller ze fannen, mee dat ass net ëmmer de Fall. An engem Wunngebai mat e puer Appartementer kann d'Wäschkichen eng Gemeinschaftswäschkiche fir e puer Wunnenge sinn. Gréisser Wunnenge kënnen hire eege separat Wäschkichen hunn.

Zu den Haaptequipementer vun enger Wäschkiche zielen d'Wäschmaschinn an den Trockner. Donieft kann een do och e Lavabo, en Dësch fir d'Kleeder ze falen, e Wäschkuerf oder eng Wäschléngt fannen.

Den Numm vum Raum kënnt dohier, well fréier d'Wäsch wéi an enger Kichen an engem Wäschkessel gekacht gouf.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Wäschbur, de Virgänger vun der Wäschkichen
  • Wäschsalon, e Witschaftsbetrib an deem Cliente bezuelen, fir kënnen hir Wäsch ze maachen
Commons: Wäschkichen – Biller, Videoen oder Audiodateien