WIND

Vu Wikipedia
WIND
De Fuerschungssatellit WIND
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
Mass 1250 kg
Start 1. November 1994, 09:31 UTC
Startplaz Cape Canaveral LC-17B
Drorakéit Delta-II 7925-10 D227
Status

D'WIND ass eng amerikanesch Raumsond. Hire Start war am Joer 1994.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi 1.250 kg schwéier Sond WIND gouf vun den USA zesumme mat der ESA, Russland, Tschechien a Japan am Kader vum „International Solar Terrestrial Physics“ (ISTP-) Projet gestart. Zu deem Projet hunn och d'Sond SOHO an e puer Satellitte gehéiert. D'Zil vun der Sond WIND war d'Erfuerschung vum Sonnewand beim Kontakt mat der Schockfront vun der Äerd.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Sond war den 1. November 1994 op enger Delta-II-Drorakéit gestart.
  • De WIND war ufanks an enger Ëmlafbunn ëm d'Äerd mat engem Apogäum vun 1,5 Millioune km.
  • Am November 1996 hat d'Sond en Orbit ëm de Lagrange-Punkt L 1 erreecht
  • Am Mäerz 1998 hat de WIND d'Positioun verlooss a war an eng Ëmlafbunn ëm d'Äerd no bei der Äerdschwéierefeldgrenz, als Bléieblad-Orbit bezeechent, ageschwenkt a gouf domat en Äerdsatellit.
  • D'Sond ass weiderhin aktiv.
  • Den 3. Juni 2013 hat d'Sond mat sengem Transient Gamma-Ray Spectrometer de Gammastraleblëtz GRB 130603B gemooss.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Spiegel Online vum 4. August 2013: Mächtiger Gammastrahlenblitz: Das Geheimnis von GRB 130603B