Walthère Dewé

Vu Wikipedia
Walthère Dewé
Gebuertsnumm Walthère Joseph Charles Dewé
Pseudonym Cleveland, Jacques Deflandre
Gebuer 26. Abrëll 1880
Léck
Gestuerwen 14. Januar 1944
Ixelles
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Ingenieur, Spioun
Stèle Walthère Dewé um Thier-à-Liège

De Walthère-Joseph-Charles Dewé, gebuer zu Léck de 16. Juli 1880, a gestuerwen zu Bréissel de 14. Januar 1944, war e belsche Resistenzler aus dem Éischten an Zweete Weltkrich.

De Walthère Dewé war vu Beruff Ingenieur, Direkter vun den Télégraphes et téléphones zu Léck,an de Grënner a Chef vun zwéi grousse Spionage- a Resistenzreseauen an der Belsch, an zwar La Dame blanche vun 1916 un, an de Reseau Clarence vun 1940 un. Hie gouf 1944 bei enger Missioun vun engem däitschen Offizéier erschoss.

De Walthère Dewé war de Koseng vum Dieudonné Lambrecht, e Lécker Resistenzler am Éischte Weltkrich. Hien huet deem seng Nofolleg iwwerholl wéi deen am Abrëll 1916 vun den Däitsche festgeholl, an, an der Chartreuse zu Léck erschoss gi war.

De 16. Januar 1994, gouf um Eck vun der Rue Walthère Dewé an der Rue de Fraisiers um Thier-à-Liège e Bam geplanzt an eng Plack ageweit déi un de grousse Resistenzler erënneren. Déi Plack an de Bam hunn an der Tëschenzäit d'Plaz gewiesselt a stinn elo an der Mëtt vun engem Rond-point eng 150 Meter südlech vun der Kierch.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Bernard, Un géant de la résistance: Walthère Dewé, La Renaissance du Livre, 1971.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. op der Plaz gesi vum Les Meloures am Abrëll 2011