Walygator Parc

Vu Wikipedia
Agank an de Park

De Walygator Parc "Grand Est" ass e franséische Fräizäitpark an der Gemeng Maizières-lès-Metz a Loutrengen. Hien huet 1989 seng Dieren opgemach. De Walygator Parc huet virdrun Big Bang Schtroumpf (1989-1991), Walibi Schtroumpf (1991-2003) a Walibi Lorraine (2003-2006) geheescht. Hie war 2008 no der Kathedral vu Metz an dem Zoo an der Indoorschipist vun Amnéville mat 402.544 Visiteuren déi véiertmeeschtbesicht Attraktioun a Loutrengen.[1]

Aachterbunnen[änneren | Quelltext änneren]

Numm Type Baufirma Joer Foto
Anaconda Aachterbunn aus Holz William Cobb 1989
Family coaster Aachterbunn fir Kanner Pinfari 2007
The Monster Invertéiert Aachterbunn Bolliger & Mabillard 2010
Comet Aachterbunn aus Stol Vekoma 1989

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. tourisme-lorraine.fr: "La fréquentation des principaux sites touristiques en Lorraine" (gekuckt de 17. Juni 2012)